Participate

Gaymat 2018

De Gaymat Festival ass net d’Aarbecht vun e puer Eenzelnen, mee en Zesummespill vun enger ganzer Equipe u Fräiwëllegen, déi mat hirer Aarbecht, hirer Fräizäit a mat vill Léift fir d’Saach dëse Festival zu eppes Besonneschem maachen. Ouni d’Ënnerstëtzung vun jiddwer eenzelnem wier eis Pride net dat, wat se haut ass.

Mir sichen natierlech stänneg no Fräiwëllegen, Volunteers, déi eis bei der Organisatioun ënnerstëtzen an de Festival esou zu engem nach besserem Erliewnes fir jiddweree maachen. Du frees dech elo, wat’s de maache kanns? Kee Problem! Kuck der emol un, wat et alles gëtt:

Street Team

Eng vun de wichtegsten Aufgaben am Virfeld vun der LUXEMBOURG PRIDE ass d’Reklammt! Et musse vill Plakater opgehaangen an nach vill méi Flyeren verdeelt ginn. An dat am beschten net nëmmen queesch duerch Lëtzebuerg, mee och an der Grenzregioun. Wanns du dack ënnerwee bass an dobäi gäere Flyeren verdeels oder plakatéiers, da bass de genee dee richtege fir eis! Je méi Reklamm, desto méi Besicher an desto méi flott gëtt de Festival.

Mell dech roueg a mir versuergen dech mat esou vill Plakater a Flyeren wéi’s de brauchs!

Um Gaymat Stroossefest

D’Stroossfest selwer ass dee wuel ustrengensden Deel vun der PRIDE-Woch. Freides mussen eng sëlleche Stänn, de Backstage, d’Bühn an e ganze Koup aner Saachen opgebaut ginn. Déi selwescht Saachen mussen dann och nees Sonndes Owes ofmontéiert ginn. Während dem Stroossefest gi vill Leit gebraucht, déi z.b. beim Catering (Gedrénksbuden, Grill etc.), hannert dem Info-Stand oder am Bühneberäich aushëllefen. Hei gëtt wierklech all Hand, déi bereet ass ze hëllefen, gebraucht.

Brauch ech dofir Erfahrung?

Erfahrung, z.b. am Gastronomie-Beräich, ass ëmmer Wëllkomm. Se ass awer net zwéngend noutwenneg. All Equipe op der LUXEMBOURG PRIDE gëtt vun engem Team-Leeder betreit. Dëse weist ierch, wat äer Aufgabe sinn an un dee kënnt der iech natierlech zu jiddwer Ament wenden, wa Problemer entstinn.

Wéivill Zäit muss ech arechnen?

Mir sinn iwwert all Fräiwëllege frou! Egal op’s de zwou Stonnen investéiere kanns oder awer gäer de ganzen Dag hëllefe wëlls. Wichteg ass just, datt’s de am Virfeld mat dengem Team-Leeder kläers, fir datt hien seng Equipe a sengem Beräich optimal koordinéiere kann. Wann dat dech reizt, ma da mell dech! Am beschten per eMail: info@gaymat.lu!

Am Organisatiounsteam

D’LUXEMBOURG PRIDE ass awer net nëmmen déi eng Juli-Woch: scho kuerz nom Ofbauen vun der Bühn gëtt schon mat der Organisatioun vun der Festival-Woch vum nächste Joer ugefaangen. Bands an aner Acts musse gesicht a gebucht, Filmer fir d’Queer Movie Nights ausgesicht an en Motto muss fonnt ginn. Do ronderëm gehéiert vill Recherche, vill Planung, Fannen an Ausprobéiere vun neien Iddien an souwisou e riisege Koup un administrativen Aarbechten fir datt dann endlech mol Plakater, Flyeren an onendlech vill aner Pub-Material designt a gedréckt kënne ginn. Du gesäis: bis datt e Plakat opgehaange ka ginn, ass genuch ze dinn!

 

Dech reizt et, d’Organisatioun vun esou engem Festival matzeerliewen? Du wëlls dem LUXEMBOURG PRIDE däin Stempel opdrécken? Bass de interesséiert, en Deel vum PRIDE-Team ze ginn? Ma dann mell dech! Am beschten per eMail: info@gaymat.lu!

 

Von GAYMAT

Keine Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Deine Emailadresse wird nicht veröffentlicht. Required fields are marked *