Panel discussion

Panel discussion

Gaymat 2018

E grousse Merci un d’Visiteuren an un d’Gäscht vun de Parteien fir déi ureegend a ganz sachlech Debatt ronderëm d’LGBTIQ-Themen zu Lëtzebuerg.
Am Fazit si mir frou ze héieren, datt et parteiiwwergräifend e breede Konsens gëtt, datt d’Opklärungsaarbecht an de Schoulen, an de Service Publicen an och bei de Parteie selwer gestäerkt muss ginn an dofir ë.a. e Service wéi d’CIGALE och personell verstäerkt muss ginn.

Och e breede Konsens gëtt et beim Thema vun den Schutzsichenden: d’Parteie si sech bewosst, datt net all Asylsichenden déi selwescht Bedierfnësser hunn an datt och LGBTIQ-Flüchtlingen net Méint oder Joeren an ongënschtegen Verhältnissen liewe kënnen.

Deel 1:

Deel 2:

Photos: CC BY-SA 4.0 Andy Maar / Gaymat.lu


 

Where: Kulturfabrik (Esch-sur-Alzette)
When: 11th of July 2018
Start: 19h00

Moderation: Joël Adami (Journaliste “Woxx”)
Organisator:
 Rosa Lëtzebuerg & CIGALE


No fënnef Joer gesellschaftsliberaler Koalitioun mat homosexuelle Spëtzepolitiker kéint een*t jo eigentlech mengen, d’Situatioun vun LGBTIQA-Persounen zu Lëtzebuerg wier elo quasi ouni Problemer. An dach ginn et och an dësem Beräich eng ganz Rëtsch Fuederungen. Mat Vertrieder*innen vun CSV, DP, LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk an der Piratepartei diskutéieren mir iwwert déi oppen Baustellen, déi sech an ville Politikberäicher wéi Medizin, Asyl-, an Familljepolitik opdoen. De Public ass natierlech häerzlech invitéiert, matzeschwätzen a Froen ze stellen!

De 14. Oktober 2018 wiele mir en neit Parlament an domadden och eng nei Regierung. Rosa Lëtzebuerg huet am Virfeld de Parteien schon hir Revendicatiounen als Walpréifsteng geschéckt. Elo ass et Zäit fir de Bols ze fillen an déi eenzel Parteien no hire Positiounen zu den LGBTIQA-Sujeten ze befroen.

Moderéiert gëtt d’Table Ronde vum Joël Adami, Journalist bei der Wochenzeitung woxx.


D’Vertrieder vun de Parteien:

Von GAYMAT

Keine Kommentare

Schreibe einen Kommentar

Deine Emailadresse wird nicht veröffentlicht. Required fields are marked *