Street Fest

Street Fest

Start

No enger Woch mat diversen Events ewéi eiser Gedenkzeremonie fir Affer vu virun allem Homo- an Transphobie, den Queer Movie Nights, engem Polittalk an enger Ausstellung am Escher Theater, markéiert traditionell den 2. Weekend am Juli mam Stroossefest den Highlight a gläichzäiteg och den Ofschloss vun der Luxembourg Pride.

Lass geet et ab 12.00 Auer op der Escher Gemengeplaz mat Musek, Animatioun, politeschen Riedebäitreeg an diversen Konschtaktiounen. Um Samsden géint 14. Auer start op der Escher Brillplaz eis Equality March, déi sech hire Wee duerch d’Uelzestrooss bis op d’Gemengeplaz sicht, wou all d’Participanten an de Public vun den Éieregäscht op der Bühn begréisst ginn (bass du interesséiert, Solidaritéit ze weisen an an der Parade matzetrëppelen?).

Written by GAYMAT

Comments are closed.