Street Fest 2018

Street Fest 2018

Gaymat 2018

    

No enger Woch mat diversen Events ewéi eiser Gedenkzeremonie fir Affer vu virun allem Homo- an Transphobie, den Queer Movie Nights, engem Polittalk an enger Ausstellung am Escher Theater, markéiert traditionell den 2. Samsden am Juli mam Gaymat Stroossefest den Highlight a gläichzäiteg och den Ofschloss vun der Luxembourg Pride.

Lass geet et ab 12.00 Auer op der Escher Gemengeplaz mat Musek, Animatioun, politeschen Riedebäitreeg an diversen Konschtaktiounen. Um 14. Auer start op der Escher Brillplaz eis Equality March, déi sech hire Wee duerch d’Uelzestrooss bis op d’Gemengeplaz sicht, wou all d’Participanten an de Public vun den Éieregäscht op der Bühn begréisst ginn (bass du interesséiert, Solidaritéit ze weisen an an der Parade matzetrëppelen?).

Leider ginn et an Europa an och a ville Länner op der Äerd nach ëmmer vill Gesetzer, déi queer Mënschen ënnerdrécken, si aschränken oder hirt Liewen bedrohen. An 8 Länner, mat deenen mir als EU zum Deel och zesummeschaffen, steet op Homosexualitéit nach ëmmer d’Doudesstrof. Ma och an der EU ass plazeweis e Backlash festzestellen. Och a méi progressive Memberstaaten heefe sech gewaltsam Iwwergrëffer op queer Mënschen an de leschten Méint ëmmer méi. Deem gëllt et entgéintzetrieden an dofir invitéiere mer och, ganz am Sënn an an der Traditioun vun enger Pride, déi ganz Gesellschaft un dësem Dag mat eis déi wonnerbar Vielfalt vum Zesummeliewen ze feieren, sech ënnerteneen austauschen, Gemeinsamkeeten ze entdecken a Viruertdeeler ofzebauen.

En detailléierte Spillprogramm mat den Auerzäiten vun den Bands an Artisten wäert an deenen nächste Wochen annoncéiert ginn.

Written by GAYMAT

Comments are closed.