Stand um Street Fest

Stand um Street Fest

Blog

Och dëst Joer ass et natierlech erëm fir Organisatiounen, Commercanten, Parteien a Privatpersounen e Stand um Stroossefest vun der LUXEMBOURG PRIDE ze bedreiwen. Dir kënnt äre Stand ab elo umellen.

D’Stroossefest vun der LUXEMBOURG PRIDE zitt all Joers eng ronn 5000 Besicher un. Fir den 20ten Anniversaire vum Gaymat wäert dëst Stroossfest niewt dem Samsden, 13. Juli, och nach um Sonnden, 14. Juli stattfannen. Haaptattraktioun um Samsden ass eis Parade duerch d’Uelzestrooss an de Programm bis an de spéiden Owend, um Sonnden wäert parallel zu eisem Stroossefest och nach d’Braderie vun der Journée française an der Uelzestrooss sinn, sou datt u béiden Deeg e gréissert Publikum garantéiert ass.

Welch Kriterien gëlle fir mäi Stand?

Mir offréieren Standbedreiwer d’Méiglechkeet, fir un engem oder u béiden Deeg e Stand ze bedreiwen. D’Käschten vum Stand sinn gestaffelt no den Deeg an der Aktivitéit vum Bedreiwer:

Statut 1 Dag 2 Deeg
Gemengnëtzeg Organisatiounen* 0€ 0€
Partner** 0€ 0€
Kleng Commercanten*** 50€ 75€
Grouss Commercanten 300€ 375€
Parteien 300€ 375€

 

Eis Standplazen moossen standardméisseg 3×3 Meter a beinhalten en Dësch an eng Bänk. Sollt äert eegent Zelt aner Dimensiounen hunn, da sot eis bei der Umellung Bescheet, fir datt mir dat beim Erstelle vum Plang berücksichtege kënnen.

De Stand soll um jeweilegen Dag bis spéitstens 12 Auer opgebaut an bis 19.00 Auer duerchgoend bedriwwe ginn. Et ass méiglech, bis 11.30 Auer eegent Material op der Plaz ze entlueden. Ab 11.30 huet bis zum offiziellen Enn vum Stroossfest am Owend dierfe sech keng onauthoriséiert Gefierer méi op der Gemengeplaz befannen resp. d’Plaz befueren.

 

Op Nofro hi kënnen fir gemengnëtzeg Organisatiounen, je no disponibilitéit, och e Faltzelt zur Verfügung stellen. Och weider Dëscher an/oder Sëtzbänke si méiglech. E Stroumuschloss kéint a besonnesche Fäll op schrëftlech Nofro hin bereetgestallt a gegebenenfalls berechent ginn. Aus organisatoresche Grënn ass et net méiglech, den Dag selwer kuerzfristeg e Stroumuschloss op enger dofir net virgesinnener Plaz ze erméiglechen.

Dir sitt un engem Stand fir ee oder déi zwee Deeg um Street Fest interesséiert? Da kontaktéiert eis:

 

Written by GAYMAT

Comments are closed.