#PrideWithTheT Statement

Blog

Rosa Lëtzebuerg ass mat senger LUXEMBOURG PRIDE Member vun der EPOA. Zesummen als europäesch Pride-Organisatoren ënnerschreiwe mir haut um 31. Mäerz, den “International Transgender Day of Visibility”, e gemeinsamt Statement, dat sech ausdrécklech un eis Frënn riicht, déi als “T” Member vun eiser Reebou-Famill sinn.

Hei de Statement:

Foffzech Joer ass et elo hir, datt daper Trans-Persounen opgestane sinn a sech géint d’Police-Brutalitéit, politesch Ongläichbehandlung an Haas gewiert hunn. Se stoungen un der Säit vun hire lesbeschen, schwulen a bisexuelle Frënn esouwéi Kameroden an soten haart: genuch ass genuch!

En halleft Joerhonnert méi spéit erkenne mir als déi ablacklech Hidder vun der Pride-Beweegung, déi aus dësem Opstand ervirgaange ass, eis Wuerzelen un a stinn weiderhi Schëller u Schëller vun dësen mutege Pionéier. Mir sinn ugewiddert an entsat doriwwer, datt nach ëmmer den Haass an d’Intoleranz op d’Trans-Communautéit zilt.

Eis Pride-Organisatiounen baséieren op Respekt a mir fuerderen, datt all déi déi zu engem Pride kommen, eist Engagement fir d’Gläichheet an Mënscherechter vun allen aus der LGBTIQ-Communautéit deelen.

Déijéineg, déi Gläichheet a Respekt fir eenzelner aus eiser Communautéit oflehnen, si bei der Pride genee esou wéineg Wëllkomm ewéi déijéineg, déi Gläichheet an Respekt fir eis ganz Communautéit oflehnen.

Mir soen ëmmer erëm: genuch ass genuch! Mir sinn houffreg dorop, Deel vun enger groussarteger Beweegung ze sinn a mir bekräftegen, datt eis Pride fest zum T hällt!

Written by GAYMAT

Comments are closed.