• http://gaymat.lu/wp-content/uploads/2019/11/Bar2.png

Pride Stars beim Luxembourg Pride

Luxembourg Pride 2020

Du bass Tänzer, Sänger, Performer oder hues soss en Talent, dat een op enger Bühn präsentéiere kann? Dann hu mer eppes fir dech!
Mat Pride Stars hues de elo d’Méiglechkeet fir virun engem internationale Publikum opzetrieden an dobäi eng Rees op Gran Canaria ze gewannen!

Bei Pride Stars handelt et esech ëm eng international Talentshow. De Gewënner gëtt dobäi an zwou Etappe bestëmmt.

An ausgewielte Stied ronderëm de Globus ginn op de Pride regional Fanillen organiséiert. Dat jeeweilegt Publikum bestëmmt do dann de lokale Gewënner. Dëse gëtt dann op eis Käschten am November op Gran Canaria geschéckt, wou en fir d’LUXEMBOURG PRIDE géint d’Gewënner vun den aneren Priden an der Haaptfinall virun engem internationale Publikum untrëtt.

Wëlls du gär d’Halleffinall op der LUXEMBOURG PRIDE rocken a Lëtzebuerg dann am November vertrieden? Dann kandidéier elo!

 

Written by GAYMAT

Comments are closed.