Gitt Annonceur am offizielle PRIDE GUIDE

Gitt Annonceur am offizielle PRIDE GUIDE

Blog

All Joers brénge mir en offizielle PRIDE GUIDE eraus. Heibäi handelt et sech ëm eng Broschür, déi net nëmmen all d’Informatiounen ronderëm d’Pride Week enthällt, ma och Informatiounen zu eisen Ënnerstëtzer a Partner. Dës méisäiteg Publikatioun läit dann op diverse Plazen aus, ewéi zum Beispill beim Escher City Tourist Office a bei weidere Partner zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Insgesammt gëtt eng Oplag vun 5000 Exemplarer gedréckt a verdeelt.

Fir d’Käschten vum Drock an der Verdeelung ze finanzéieren, bidde mir dofir och Plazen fir Annoncen an eisem Pride Guide un. Sitt dir dorunner interesséiert, fir d’LUXEMBOURG PRIDE ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg engem gréissere Publikum äre Support fir d’LGBTIQ-Community am Grand-Duché ze weisen? Da géife mer eis freeen, vun Iech ze héieren.

Op wat muss ech als Annonceur oppassen?

Pride Guide 2018

D’Annonce sollt entspriechend der jeweils bestallter Annonceplaz am richtege Format virleien. D’Datei sollt beschtméiglechst eng fir den Drock geeegnet PDF- oder Vektor-Datei sinn (*.ai, *.eps). Et ass unzeroden, datt d’Material prett fir den Véier-Faarf-Drock ass (CMYK). E Sécherheetsabstand vun ëmlaafend 2mm wier vu Virdeel. En Abstand vun 6mm zum Bord fir Text a wichteg Grafikelementer sollt agehale ginn, vu datt an der Produktioun beim Schnëtt Toleranzen optriede kënnen. Integréiert Biller sollten eng Opléisung vun 300dpi hunn.

Mir akzeptéieren doriwwer eraus just Annoncen a Partnerschaften, déi sech mat den etheschen an fräiheetlech-demokrateschen Grondwerter vun enger moderner Gesellschaft verdroen an och am Aklang mam Gesetz sinn. Mir halen eis d’Recht vir, eng Partnerschaft ze refuséieren, wa mir dës Valeuren net respektéiert gesinn.

 

You want to support us as an official sponsor? Click here!
Written by GAYMAT

Comments are closed.