Huelt un eiser digitaler Equality March deel!

Huelt un eiser digitaler Equality March deel!

Luxembourg Pride 2020

Wat ass eng Pride ouni Parade? Zu Lëtzebuerg hu mir zënter 6 Joer nees eng Parade, déi mir Equality March nennen an op déi mir an dësem Joer net verzichte wëllen. Dofir biede mir iech all, op Visiteur, Organisatioun oder Ënnerstëtzer, an dësem Joer an digitaler Form dorunner deelzehuelen. Wat mir zu méi sinn, wat besser!

Äre Bäitrag kann a Form vun engem Selfie oder eng Kuerzvideo geschéien a mat ärem Smartphone oder enger Kamera opgeholl ginn. Schéckt eis äre Video oder Selfie op deem dir zum Beispill e Fändel vun enger Community, däer dir iech zougehéiereg spiert (Reebou, Trans, Lesbesch, Intersex etc.) oder e selwergebastelt Schëld mat engem Message haalt. Beweegungen, Wénken oder suguer Danzen ass erlabt an esouguer erwënscht. Falls dir iech fir e Video entscheed: e sollt net méi laang ewéi 10-15 Sekonne sinn. De Video-Collage mat allen Participanten wäert herno mat engem Lidd ënnerluecht ginn.

De Selfie/Video kann de breeden oder héige Wee sinn a sollt am *.jpg, *.mp4 oder *.avi Format sinn.

Schéckt eis är Videoen/Selfien bis den 25. Juni 2020 un info@luxembourgpride.lu oder lued et lued et an eis Cloud erop!

Written by GAYMAT

Comments are closed.