Contest: LUXEMBOURG PRIDE 2019 Motto

Luxembourg Pride 2019

Du wëlls däi Slogan fir d’Luxembourg Pride op den offiziellen T-Shirte gesinn? Ulässlech zum 20ste Gebuertsdag vum Gaymat, siche mir fir dëst Joer e ganz besonnesche Motto! An dofir wëlle mer d’lëtzebuergesch Community matabezéihen. Deng Kreativitéit ass also gefrot!

 

Schéck eis einfach däi Motto eran! De beschten Slogan wäerte mir um Neijooschpatt vu Rosa Lëtzebuerg, den 8. Februar 2019 an der Abtei Neimünster annoncéieren. Fir de Gewënner gëtt et en exklusiven VIP-Package mat ënnert anerem dem Gewënner-Motto als Motiv, souwéi nach vill flott aner Gadgeten.

 

Iddien einfach un concours@gaymat.lu

 

Op wat muss ech oppassen?

 

Mir benotzen de Motto, wéi an de Virjoeren, souzesoen als Ënnertitel zum Event-Numm. Mir wäerten dofir de Motto wahrscheinlech an der lëtzebuergescher an an der englescher Versioun benotzen. Idealerweis sollt en also net ze laang ze sinn. Mir hunn an de vergaangene Joeren och vill Wert op e politesche Message geluecht, deen zum Ausdrock brénge sollt, datt mir weider fir d’Rechter vun den LGBTIQ-Community kämpfen, resp. datt mir jiddwereen Wëllkommenheeschen.

 

Written by GAYMAT

No Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.